Beschreiwung

    

Den Bowlingcenter Fuussekaul geht aus der Fuussekaul an den All In Family Fun Center op Heischent

Den eischten Januar 2006 hun mer an der Fuussekaul ungefangen an elo gin mer an eis egent dofir behaalen mer och eisen Numm Bowlingcenter Fuussekaul Sarl (deen fir den Ufank vun eiser Betriebsgeschicht steet) fir all daat schreftlecht an administratift an natierlech verbindung zu eisen Clienten an Fournisseuren.

mee bedreiwen den ganzen Center ennert dem Numm « All In Family Fun Center » (esou wessen Leit daat se bei eis mei fannen wei nemmen Bowling… )

Mer bidden folgendes:

Play In

Grouss Kannerspillplatz mat Elektro-Karts, Trampolin, Drop Down Rutschbahn (zimmlech schnell), Klotterwand, Spidertower, Wellenrutsche, Softball Kanounen an een herrlech interessanten Klotterparkour.

Bowl In

6 nei Bowlingbunnen alleguerten  equippeiert mat « Bumpers » esou as och vollen Spass fir Kanner garanteiert.
1 Keelebunn natierlech vun Pistes Linster bescht Bunnen aus handwirklecher Qualiteit aus Letzebuerg hei hun mer och
nach een extra an zwar kann hei op dei typesch letzebuergesch Art & Weiss gespillt gin an mer hun
vum « Schlag den Raab » eng Bunn  akaaft deen do bei Showen beim Keelen virun 2010 benotzt gouf an mat modernem Scoring
fir och mei jonk Spiller opgewert.

Diner In

Restaurant mat grousser Terasse (roueg an eng herlech Aussiecht)

Club In

Groussen Raum  Polyvalent notzbaar fir äer Privat Party, Club Iessen oder Familien Fest… oder soss gelegen heet.

Games In

4 proffesionel Billards Descher « 9 foot »
E-Darts, Bristol Darts, Kicker, Flipper, Megatouch an Airhockey

Menu Titre